ChatNewsPhotoenUserInfoHëllefIwwer eis
Sichen

Registréiren
Passwuert veluer?
 

Ännerungen am #quiz

Léif User, folgend Ännerungen gëllen ab dem 1. Mäerz 2009:

*Am #quiz-beginner komme just nach déi 2 éischt an den #quiz-advanced (net méi 3)!(Eenzeg Conditioun: registréierten Nick!)

*Am #quiz-advanced kënnt weiderhi just nach den éischten weider, Conditioun sinn awer hei net méi, wéi bis elo 100 gewonne Partien, mä nëmmen nach 75 gewonne Partien!

*An zu gudder Lescht begréisse mir och d'coeur als Supporter am Team!

Weiderhi vill Spaass beim Quizzen, a bei Froe kënnt Dir Iech un d'Ops/Admins mellen, oder eng Mail schreiwen un quiz-operators@luxusbuerg.lu!

Geschriwwen vum Corrector [01/03/09 @ 01:00]
Méi Info...

Wanterleche Quiz-Meeting !


Wanterleche Quiz-Meeting !
_____________________

Den 12. Dezember ass erëm Quiz-Meeting ugesot !

Klick op "Méi Info" fir Detailler, d'Adress an d'Weebeschreiwung. Bei weidere Froen sech un d'Operators an Admins vum #Quiz wennen, oder eng E-Mail schreiwen un quiz-operators@luxusbuerg.lu!

Geschriwwen vum bjuer [12/12/08 @ 14:23]
Méi Info...

#Quiz-Allstars vum November

Och am verschneiten November gouf erëm fläisseg gequizzt!Soumatter hu sech fir de #quiz-advanced folgend Leit aus dem #quiz-beginners qualifizéiert:
1. Medea_42 mat 13.704 Punkten
2. charlybraun1 mat 8.704 Punkten
3. hary64 mat 4.294 Punkten

Am #quiz-advanced huet et dësen Mount leider kee wéinst den Opstigskriterien (Minimal 100 gewonne Partien) an de #quiz-expert gepackt. Félicitatiounen un d'frentzie-W,dat op éischter Plaz hei stoung, gefollegt vum logout.

Am #quiz-expert huet de canonball gewisen, dat en op Zack ass an als jonken Hummer mat héijem Virsprong sech seng Plaz Nr°1 erkämpft mat 24440 Punkten!Zweeten hei ass de Corrector,mat 7920 Punkten,ginn.

Gléckwensch un all d'Champs, an un all déi, déi matgespillt hunn, an weiderhin vill Fläiss a Spaass beim Quizzen!

Geschriwwen vum Corrector [02/12/08 @ 10:21]

#quiz Allstars August, September an Oktober 2008

Hei d'Iwersiicht vun den Top-Quizzer vun den drei leschte Méint:

Am August 2008 hun folgend User sech am #quiz-beginner durchgesaat:
KiLLeRBeAtS mat 7.566 Punkten, virum Muhchen mat 6.370 Punkten an dem narziss mat 5.860 Punkten. Am #quiz-advanced huet d'corax_w sech mat 7.614 Punkten an 129 gewonnen Partien durchgesaat an den Opstieg an den #quiz-expert gepackt. Den Quiz-Meeschter am #quiz-expert war den canonball mat 14.034 Punkten.

Am September 2008 huet et am #quiz-beginner sou ausgesin:
Xander mat 20.480 Punkten virum screensany mat 9.185 Punkten an nutella157 mat 5.810 Punkten. Den #quiz-advanced haat leider net deen groussen succès, sou dass keen an den #quiz-expert opgestiigen as. Alt rem eng Kéier Expert of the Experts as d'coeur gin, mat 35.582 Punkten an 163 vun 167 gewonnen Partien.

Den Oktober 2008 huet mat folgenden Resultater oofgeschloss:
Am #quiz-beginner huet gewonnen zatz3 mat 13.636 Punkten, 2. war den logout mat 12.761 Punkten virum Bananne-Jos mat 7.535 Punkten. Am #quiz-advanced huet den nutella157 sech mat 7.146 Punkten an den #quiz-expert eropgeschafft. Oktober-2008-Expert as d'Gaaps mat 15.529 Punkten an 75 vun 92 Partien, knapp virum canonball, deem mat 15.443 Punkten anscheinend d'Polfer am Endspurt ausgaangen as ;-) .

Congrats un all eis #quiz-Stars a vill Spaass weiderhin :=)
Fir all dei Quizzerten dei et nach net gepackt hun: de Kapp net henke loossen an fleisseg üben, üben an üben ;-) an nach een Sorry fir d'Verspéidung vun den News =) .

Geschriwwen vum bjuer [17/11/08 @ 15:49]
Méi Info...

Holiday Greetz 2008

Wien huet dest Joer an senger Vakanz un eis geduecht ?
... Klick op "Méi Info..." fir et erauszefannen

Geschriwwen vum bjuer [08/09/08 @ 19:32]
Méi Info...

#quiz-Allstars vum Juli 2008 !

Den Ufank vum August steet vrun der Dier, dëst heescht dann och dass et rem #quiz-Allstars vum Juli gëtt!
Am #quiz-beginner gin d'Félicitatiounen un:

Plaatz 1 :den Eule_m21 matt 10.674 Punkten an 45 gespillte Partien
knapp gefollegt vun Plaatz 2: d'Ice-lady matt 10.250 Punkten an 70 gespillte Partien
gefollegt vun Plaatz 3: dem bikabu matt 8.144 Punkten an 23 gespillte Partien
Déi dräi däerfen also ab elo am #quiz-advanced spillen!


Am #quiz-advanced huet d'kurly gewise wéi een e glaaten Opstieg mecht a sech matt 12986 Punkten an 117 gewonnene Partien vun 136 gespillte bewisen!
Als Belounung däerf hat ab elo ënnert den Profis vun de Quizzerten am #quiz-expert mattspillen!

Do huet de Corrector den Allstar-Titel an der Täsch matt 30181 Punkten an 133 gespillte Partien!

Motto vum August: Quizzen', Quizzin' and Quizzin'
Natirlech all den anere Quizzerten déi et nach net gepackt hu Gléckwënsch a Merci fir d'Mattspillen!

Geschriwwen vum Corrector [01/08/08 @ 00:34]

Quiz-Allstars '07-08

Endlech ass et ërem sou wäit : Allstars-News sin nees eraus!

Félicitatiounen un d'Allstars säit November 2007 un:

HaveHeart19_w , Lady48 , AnGeL- , canonball , kwizzer , trulli28 , Jato , Gaaps , Corrector ,

lionne , Gibbson , Ottla , connormcleod, wantersonn , coeur , hirscheliiiii86,

ingefrau , Style-M , quicksort , Carrot , CrossFire , xantana , brain_stew , |wildcard|,

NoiZy, maZZaDuDe , hunloscht , d^ , corax_w , molto an dadaman


Ween, wéini, wou an matt wéivill Punkten opgestiegen ass, fënns de wanns de op "Méi Info" klicks!

Geschriwwen vum Corrector [11/07/08 @ 23:31]
Méi Info...

#fun & #quiz & Flash Photorallye 2008

Mir wessen dass vill vun Iech schon op déi gudd Neiegkeet gewaard hun.
Hei as se dann:

De Photorallye vum #fun a #quiz fennt och dest Joër rem zesumme mam Photo Club Flash Grevenmacher statt.

Firwetzeg waat des Keier leeft ?
Detailler fenns de hei:

  • PhotoRallye2008

    oder klick op "Méi Info..."

    Neien Umeldungsschluss
  • Geschriwwen vum bjuer [31/05/08 @ 09:14]
    Méi Info...

    #quiz-Meeting Fréijoer 2008



    Endlëch ass et erem sou wäit!
    Dësen Freiden, den 16. Mee 2008, ass rem een #Quiz-Meeting ugesot!
    Location ass am George and Dragon an der Staat ab 19 Auer!

    Geschriwwen vum Corrector [13/05/08 @ 18:42]
    Méi Info...

    Teamchangement

    Am #quiz get et e changement bei den Admins.
    Den NonServiam get gleich durch zwee nei Admins ersaat, an zwar d'nienna an den Corrector.

    Geschriwwen vum bjuer [10/05/08 @ 22:26]
    Méi Info...

     Nächst 10 Neiegkeeten >>

    #Quiz Logo 
    Geschriwwen vum kayvon

    Beginner Top 5 

    Rank NickScore
    1 laura22_ 0.67
    2 Boubou_w49 0.45
    3 green-tea 0.32
    4 misssaigon 0.26
    5 elfchen_ 0.18
    Geschriwwen vum bjuer

    Advanced Top 5 

    Rank  Name Score

    Geschriwwen vum 

    Expert Top 5 

    Rank  Name Score
    1  Aika 138
    2  stephanie1987 88

    Geschriwwen vum Georges

    Quick links 
  • Iwwert den #quiz ?
  • Déi wichtegst Commanden
  • Quiz-Team
  • Wou geheieren ech hin?
  • Newsletter-Archiv
  • Beginner AllStars
  • Advanced AllStars
  • Expert AllStars
  • Geschriwwen vum bjuer


    Channel Topics


    Wëllkomm am #adultflirt++ Den channel ab 18 op da buerg +Vill Spass beim Chaten


    Mir wënschen dem duvu fir säi Gebuerstdag nëmmen dat Bescht, an en Teller Sushi


    No deem erfolegrä[...] Fouer-Meeting (wann dir net dobäi waard, hudd dir eng verpasst!) si mir weiderhin an Flirt-Laun! Vill Spaß beim chatten wënscht iech daat ganzt Flirt-Team!


    L'équipe du #francophone te souhaite une bonne tchatche, dans la joie, la convivialité et la bonne humeur :-)


    gidd eis Ideen fir Topic :D | There is no problem - don't panic


    vum 5ten bis den 8ten August: Wacken


    Wellkomm am #queer, glaich ass et rem esou weit, dann dreint et rem et Riesenraad op der Fouer yuppiiiiii++[...] Spass beim chatten+++


    0,1Fir ze Quizzen: /join #quiz-beginner


    Spuenien ass Weltmeeschter, an den Andy Schleck huet den Majot blanc; 2. am Tour de France, an 3. am Bierg classement. An next joer huelen mer den gielen tricot op Lëtzebuerg =D Go Andy Go !!!

    Neisten User Photo


    leifmausiw19

    Nächst Events

    coming soon ...