ChatNewsPhotoenUserInfoHëllefIwwer eis
Sichen

Registréiren
Passwuert veluer?
 

Ups, do war den Server am Eemer

Wéinst engem Defekt un den Harddisken war #Luxusbuerg déi läscht Deeg leider net ze erreechen. Mir hoffen dass der net zevill verlaangert hutt an sinn frou dass der erëm bei eis sidd. :)

Geschriwwen vum halodri [22/05/09 @ 22:30]

Ännerungen am #quiz

Léif User, folgend Ännerungen gëllen ab dem 1. Mäerz 2009:

*Am #quiz-beginner komme just nach déi 2 éischt an den #quiz-advanced (net méi 3)!(Eenzeg Conditioun: registréierten Nick!)

*Am #quiz-advanced kënnt weiderhi just nach den éischten weider, Conditioun sinn awer hei net méi, wéi bis elo 100 gewonne Partien, mä nëmmen nach 75 gewonne Partien!

*An zu gudder Lescht begréisse mir och d'coeur als Supporter am Team!

Weiderhi vill Spaass beim Quizzen, a bei Froe kënnt Dir Iech un d'Ops/Admins mellen, oder eng Mail schreiwen un quiz-operators@luxusbuerg.lu!

Geschriwwen vum Corrector [01/03/09 @ 01:00]
Méi Info...

Nackt im Netz - schützen Sie Ihre Daten



Nackt im Netz - schützen Sie Ihre Daten

Das Internet ist fester Bestandteil unserer Lebensumwelt geworden. Seit das Internet jedoch zum interaktiven Medium wurde, ist die Thematisierung der „Wahrung der digitalen Privatsphäre“ unumgänglich. Dies gilt umso mehr, da die dem Internet und der mobilen Kommunikation zugrunde liegenden Techniken zusammenwachsen.

Klick op Méi Info... fir den ganzen Artikel op www.cases.lu ze liesen.


An deem Kontext welle mer nach eng Kéier un eis Hëllef-Sektioun erenneren, enner aanerem mat desem Link zum Thema:
Verhalen um Chat - Abus

Geschriwwen vum bjuer [30/01/09 @ 12:43]
Méi Info...

Server Adress vir IRC-Clients

Vir déi Leit déi Problemer hunn sech mat hirem IRC-Client (mIRC, XChat, Nettalk, ...) op den Luxusbuerg Server ze verbannen. Benotz w.e.g. irc.luxusbuerg.lu als Server Adress an 6667 als Port

Geschriwwen vum halodri [22/01/09 @ 16:45]

Wanterleche Quiz-Meeting !


Wanterleche Quiz-Meeting !
_____________________

Den 12. Dezember ass erëm Quiz-Meeting ugesot !

Klick op "Méi Info" fir Detailler, d'Adress an d'Weebeschreiwung. Bei weidere Froen sech un d'Operators an Admins vum #Quiz wennen, oder eng E-Mail schreiwen un quiz-operators@luxusbuerg.lu!

Geschriwwen vum bjuer [12/12/08 @ 14:23]
Méi Info...

Hearzlech Wellkomm heeschen mir...

Wei der schon gesin hudd hun mir en neien Operator an heeschen eist corax_w Hearzlech Wellkomm!
Mir hoffen op eng gutt zusummenaarbescht am Chat! Desweideren wenschen mier ierch vill Spaß beim chatten!

Geschriwwen vum Angel-Ridgi [09/12/08 @ 22:30]

#Quiz-Allstars vum November

Och am verschneiten November gouf erëm fläisseg gequizzt!Soumatter hu sech fir de #quiz-advanced folgend Leit aus dem #quiz-beginners qualifizéiert:
1. Medea_42 mat 13.704 Punkten
2. charlybraun1 mat 8.704 Punkten
3. hary64 mat 4.294 Punkten

Am #quiz-advanced huet et dësen Mount leider kee wéinst den Opstigskriterien (Minimal 100 gewonne Partien) an de #quiz-expert gepackt. Félicitatiounen un d'frentzie-W,dat op éischter Plaz hei stoung, gefollegt vum logout.

Am #quiz-expert huet de canonball gewisen, dat en op Zack ass an als jonken Hummer mat héijem Virsprong sech seng Plaz Nr°1 erkämpft mat 24440 Punkten!Zweeten hei ass de Corrector,mat 7920 Punkten,ginn.

Gléckwensch un all d'Champs, an un all déi, déi matgespillt hunn, an weiderhin vill Fläiss a Spaass beim Quizzen!

Geschriwwen vum Corrector [02/12/08 @ 10:21]

Team Changement

Nodems hien bis elo als Operator matgewierkt huet, heeschen mir den Angel-Ridgi herzlech Welcome als Admin...
Leider ass et dem Hippokrates an dem Triximoon aus zeitlechen Grenn net mei meigekech am Team mat ze wierken.
Mir soen hinnen Merci fir hier Engagement, an hoffen dass et mam Ridgi genau sou flott geht.

Geschriwwen vum Maranello_M [21/11/08 @ 12:58]

#quiz Allstars August, September an Oktober 2008

Hei d'Iwersiicht vun den Top-Quizzer vun den drei leschte Méint:

Am August 2008 hun folgend User sech am #quiz-beginner durchgesaat:
KiLLeRBeAtS mat 7.566 Punkten, virum Muhchen mat 6.370 Punkten an dem narziss mat 5.860 Punkten. Am #quiz-advanced huet d'corax_w sech mat 7.614 Punkten an 129 gewonnen Partien durchgesaat an den Opstieg an den #quiz-expert gepackt. Den Quiz-Meeschter am #quiz-expert war den canonball mat 14.034 Punkten.

Am September 2008 huet et am #quiz-beginner sou ausgesin:
Xander mat 20.480 Punkten virum screensany mat 9.185 Punkten an nutella157 mat 5.810 Punkten. Den #quiz-advanced haat leider net deen groussen succès, sou dass keen an den #quiz-expert opgestiigen as. Alt rem eng Kéier Expert of the Experts as d'coeur gin, mat 35.582 Punkten an 163 vun 167 gewonnen Partien.

Den Oktober 2008 huet mat folgenden Resultater oofgeschloss:
Am #quiz-beginner huet gewonnen zatz3 mat 13.636 Punkten, 2. war den logout mat 12.761 Punkten virum Bananne-Jos mat 7.535 Punkten. Am #quiz-advanced huet den nutella157 sech mat 7.146 Punkten an den #quiz-expert eropgeschafft. Oktober-2008-Expert as d'Gaaps mat 15.529 Punkten an 75 vun 92 Partien, knapp virum canonball, deem mat 15.443 Punkten anscheinend d'Polfer am Endspurt ausgaangen as ;-) .

Congrats un all eis #quiz-Stars a vill Spaass weiderhin :=)
Fir all dei Quizzerten dei et nach net gepackt hun: de Kapp net henke loossen an fleisseg üben, üben an üben ;-) an nach een Sorry fir d'Verspéidung vun den News =) .

Geschriwwen vum bjuer [17/11/08 @ 15:49]
Méi Info...

Neien Elan am #metal

Vu dass
den [Wolverine]
an d'LuziFa
dem #metal emmer trei waaren gouf et heisch zeit fier se ze "belounen"
Den [Wolverine] ass eisen neien OP.
An d'LuziFa eisen neien Supporter

Geschriwwen vum ]D4RK_R34P3R[ [15/11/08 @ 04:22]

<< Lescht 10 NeiegkeetenNächst 10 Neiegkeeten >>


Beginner Top 3

    Nick  Score  
1 laura22_ 0.67
2 Jodokus_Kwak 0.61
3 Boubou_w49 0.45

Neisten User Photo


Alessio1st

Nächst Events

coming soon ...