ChatNewsPhotoenUserInfoHëllefIwwer eis
Sichen

Registréiren
Passwuert veluer?
 

Game Review Special 
Genre Ego-Shooter
Perseinlechen Rating
Entweckelt an Released vun Crytek Studios & Ubisoft
9 vun 10
Links Demo & Patchen fannt dir alles op www.farcry.ubi.com
Reviewed by CoffeeSkilled
Screenshots
Story Du spills d Roll vum Jack Carver deen d'Journalistin Valerie Constantin kennenleiert daat dem Dr. Krieger op der Spur ass, engem komplett mellen Dokter deen Experimenter mat Deieren an Menschen mecht fir en deidlechen Virus ze entweckelen. Onglecklecherweis gett d' Valerie gefangen geholl an dem Jack sein Boot gett versenkt. Den Jack selwer kann awer entweschen an mecht sech lo op den Wee d'Valerie ze befreien an den Dr. Krieger ze beseitegen.

The Game Waat den Reiz vun Far Cry ausmecht ass dei einfach fantastech Grafik dei bis an den klengsten Detail alles duerstellt, den Ennerscheed vun Dag an Nuecht an die grouss Ofwiesslung die dei 19 Levelen bidden. Langeweilen wärt Dir ärch do bestemmt net. Dir kämpft ärch zb. duerch en aalen japaneschen Flugzeugträger, gidd vun Mutanten duerch den Besch gejoot, fuert mam Jeep iwert den Strand an ballert op alles waat sech bewegt oder huelt de Paraglyder an scheisst vun uewen op de Feind eroof an na Villes mei. Daat bescht ass natirlech dass der dest Spill op verschidden Art an Weisen kennt packen, dir kennt entweder wie en Mellen drophaalen an alles nidderscheissen waat ärch an den Wee kennt oder lues vun Mann zu Mann schleichen an die mam Messer embrengen waat natirlech manner Kameidi mecht an manner Geigner et heieren an ungerannt kommen. Fir die grouss Distanzen ze bewältegen stin dem Jack och en Jeep, Humvee, Schweiertransporter, Schlauch an Motoboot wie en Paraglyder zu Verfügung die och mei oder manner bewaffnet sin. Ennerstetzt gett daat ganz vun Musek dei een verfeiert Stonnen an Stonnen weider ze spillen an en gudden Flair vermettelt.
Daat aussergeweinlechst un deem Spill ass awer Kl (Künstlech Intelligenz) vun den Geigner die Deckung sichen wann een op se scheisst, gelaaf kommen wann se eppes heieren an den Alarm ausleisen, dest mecht et mei spannend fir d Spill na eng Keier duerchzehuelen well et sech emmer rem anescht spillt..D' Mutanten par contre stiermen nemmen drop lass do muss een schnell Reflexer hun.
Kritikpunkten Dest Spill huet awer o puer (kleng) Nodeeler, fir Leit dei na nie en Ego_shooter gespillt hun ass dest Spill wirklech schweier. Een vun den groussen Problemer ass dass eng Quicksave Fonctioun fehlt daat heescht dass een net iwerall kann speicheren wou een well mee nemmen op verschidden Plaazen. Mee dofir ass awer lo och en Patch raus. Wann der am Jeep oder sou setz kann et och passeieren dass der heinsdo den Iwerbleck verleiert well d Kameraperspektiv net emmer dei Bescht ass, waat een d Liewen kaschten kann.
Main Päfferkär Dest Spill ass en Muss fir all Ego-Shooter Fan die himmlesch Graphik dei vill Meiglechkeeten an dei Kl vun den Geigner sin eenmolech!! Stonnen Spillspaas sin garanteiert et gett einfach nie langweileg an dir fannt dauernd nei Weer an entdeckt nei Detailer an all Level.Enervant ass just den Speichersystem, well der sou onnetz Scenen musst widerhuelen, mee Ubisoft selwer huet schon die eischt Patchen rausbruecht wou desen Fehler elimineiert gett.
Far Cry

  • Muss een hun
  • 19 (57.58%)

  • Gudd
  • 8 (24.24%)

  • Wann een soss naischt ze din huet
  • 3 ( 9.09%)

  • Schlecht
  • 0 ( 0.00%)

  • Suen net wärt
  • 3 ( 9.09%)

    Leschten Update vum coolpix [05/07/2006 @ 20:58:51]

    News Titelen

    2010 FIFA WORLD CUP SOUTH AFRICA
    ===============
    Safer Internet Day 2010
    ===============
    #Flirt on Ice 2010
    ===============
    Schéin Feierdeeg
    ===============
    Maintenace um Stroumreseau
    ===============
    Wat solle mer mat de Webcams maachen?
    ===============
    Fouermeeting 2009
    ===============
    Stroum-Ënnerbriechung
    ===============
    Opla do war den Server wuel nees husch
    ===============
    Emstruktureierung

    Channel Topics


    Wëllkomm am #adultflirt++ Den channel ab 18 op da buerg +Vill Spass beim Chaten


    Mir wënschen dem duvu fir säi Gebuerstdag nëmmen dat Bescht, an en Teller Sushi


    No deem erfolegrä[...] Fouer-Meeting (wann dir net dobäi waard, hudd dir eng verpasst!) si mir weiderhin an Flirt-Laun! Vill Spaß beim chatten wënscht iech daat ganzt Flirt-Team!


    L'équipe du #francophone te souhaite une bonne tchatche, dans la joie, la convivialité et la bonne humeur :-)


    gidd eis Ideen fir Topic :D | There is no problem - don't panic


    vum 5ten bis den 8ten August: Wacken


    Wellkomm am #queer, glaich ass et rem esou weit, dann dreint et rem et Riesenraad op der Fouer yuppiiiiii++[...] Spass beim chatten+++


    0,1Fir ze Quizzen: /join #quiz-beginner


    Spuenien ass Weltmeeschter, an den Andy Schleck huet den Majot blanc; 2. am Tour de France, an 3. am Bierg classement. An next joer huelen mer den gielen tricot op Lëtzebuerg =D Go Andy Go !!!

    Nächst Events

    coming soon ...