ChatNewsPhotoenUserInfoHëllefIwwer eis
Sichen

Registréiren
Passwuert veluer?
 

Game Review 09/04 
Genre Ego-Shooter (Horror)


id Software

www.doom3.de

biber`
Perseinlechen Rating
Entweckelt an Released vun
9 vun 10
Links
Reviewed by
Screenshots
Story Du sprengs an d'Roll vun engem Marine, deen am Fuerschungslabo vun der UCI um Mars am Joer 2145 schafft. Den Labo gett vun engem Dr. Betruger, deen der schon vun Ufank un drolech virkennt, geleet. Waerends de dech op d'Sich no engem verschwonnenen Wessenschaftler mess, brecht am Labo den Horror aus: d'Zougangstor vun der Hell gett vum Dr. Betruger opgemach an du bass vun Dämonen, Zombien an all meiglechem aus der Hell emrengt. Du muss dech also duerch dei enk Gäng vum Labo kämpfen mat der Gewessheet dass an all Eck en Zombie dech erwarden kann... Deng Aufgab ass et also d'Tor vun der Hell erem ze schleissen an ze iwerliewen...







Kommentar Amfong ass Doom 3 an eischter Ligne en Remake vun Doom 1, spillt awa net wei an Doom 1 um Marsmound Phobos mee um Mars selwer. Am Ufank erschrecks de nawell zimlech oft wann e beemol en Zombie hannert der steet oder en Imp dech usprengt... D'Grafik ass immens uspriechend, zumols well et greisstendeels zimlech donkel ass an dofir vill Effekter meiglech sinn. Also net Erschrecken wann e beemol den ganzen Raum sech roud fierwt an dech Kreatueren dei direkt aus der Hell eropbeschwuer gin sin dech ufaalen :). Eigentlech muss een och nach soen dass Doom 3 eischter op Horror aus ass wei aner Ego-Shooteren, wou et oft nemmen em d'Ofknallen geet. D'Spill ass am Generellen zimlech einfach, well d'Geigner allerhechstens zu 10-15 optrieden an ausser d'Zombie Zaldoten, keen eenzegen Geigner Deckung sicht. Du treppels greisstendeels am Spill, nemmen eng Keier kennt en flotten Trajet mam Monorail fir, wous de d'Aussengrafik kanns bewonneren. No 2/3 vum Spill wous de dech duerch eng Gäng gekämpft hues kennt dann och (endlech) bessen Ofwiesslung dran fier, well et erwarden dech drei Endgeigner an en klengen Trip duerch d'Hell selwer. Waerend dem Spill trieden dann no an no emmer mei stark Geigner op. Am Ufank fängt et mat einfachen Zombien un, deis de nach mat der Pistoul aus der Distanz kills, waerend dann mei speit och Chainsaw Zombies (Zombien mat enger Motorsee), Tick's (sou eng Art Spannen) oder Pinkys dra fier kommen. D'Waffenarsenal ass eischter mettelmeisseg, wann d'Geigner mei stark ginn dann fenns de och besser Waffen, mee et feelt z.B. en Flammenwerfer. Bei villen Waffen gett och d'Munitiun zimlech schnell knapp. Ganz witzeg sinn kleng Easter Eggs dei am ganzen Spill verdeelt sinn ;).
Main Päfferkär Kritikpunkten: Annescht wei z.B. an Far Cry hun hei d'Geigner baal keng KI, wat leider e bessen traureg ass. 99% vun den Geigner kommen einfach op dech zou an du brauchs nemmen nach dropzeballeren. Nemmen d'Zombie Zaldoten (Marines dei an Zombien verwandelt gin sin) sichen heiansdo Deckung an dann kommen se do awa och an engem reegelmeissegen Rhythmus raus, sou dass de schon am Viraus wees weini genaus de scheissen muss. Och ass net immens vill Ofwieslung am Spill, du ballers dech duerch enk Metallgäng an den Alpha Labs bis dass dann herno an den Delta Labs dei enk Gäng e bessen anneschters ausgesinn... Mei interessant gett et dann reicht zum Schluss wanns de an der Hell bass, dat ass awa leider keen allze groussen Deel.
Fazit: ID huet alles aus der Grafikengine rausgehol wat meiglech ass, an deem entspriechend geseit och d'Spill aus. Fir eng perfekt Grafik geneissen ze kennen ass allerdengs eng High-End Grafikkart à la Radeon X800 oder Nvidia Geforce 6800 (mat Praiser ab 400 Euro)neideg. Den Sound ass schlicht an ergraifend phenomenal, besonneg wann een eng heichwerteg 5:1 Anlag doheem stoen huet! D'Spill spillt sech am beschten zimlech speit Owes, also wann et donkel ass, an dono ass och en klengen Trip mat der Täschelucht bis op d'Toilette zimlech flott ;) Zousätzlech Spannungsmomenter sinn och dran, well et ginn Deeler dei sinn komplett donkel an du kanns nemmen entweder d'Täschenlucht oder deng Waff an der Hand droen. Fir leit mat starken Nerven dei naischt geint en Horrortrip vun ongefeier 20 Stonnen hun, an natierlech fir Doom Fans ass d'Zouleen vum Spill en absoluten Muss, fir annerer waer eischter Unreal Tournament empfielenswert.
Doom 3

  • Muss een hun
  • 32 (44.44%)

  • Gudd
  • 15 (20.83%)

  • Wann een soss naischt ze din huet
  • 10 (13.89%)

  • Schlecht
  • 3 ( 4.17%)

  • Suen net wärt
  • 12 (16.67%)

    Leschten Update vum Noxy [02/01/2005 @ 03:12:25]

    Expert Top 3

        Nick  Score  
    1 Aika138
    2 stephanie198788
    3 0

    Chat TopTalkers

     NickLines
    1baby-guest [p]52579
    2fofita1735148
    3menina_fofa21 [p]27566

    Pour des statistiques détaillées,
    cliquez ici.

    Nächst Events

    coming soon ...