ChatNewsPhotoenUserInfoHëllefIwwer eis
Sichen

Registréiren
Passwuert veluer?
 

Régelen vum Channel 
#Flirt Régelen

#Flirt Régelen

Sprochen:

Wei den Numm et schon seet, ass Luxusbuerg een letzebuergeschen Chat. Aus deem Grond wellen mier am #flirt dass am Channel och just letzebuergesch geschwriwen get vun 6h-24h. Duerno kennt der dann och englesch, franseisch an deitsch schreiwen, mee eeben an Moossen. Waat mer op allenfall wellen vermeiden, ass dass am Channel 4 verschidden Sprochen geschwaat gin, oder dass eng aaner Sprooch wei letzebuergesch d'Iwerhand hellt. Daat get einfach zevill Chaos an Gedeesems. Fier dei wou franseisch wellen schwetzen, get et den #francophone, oder den Privat. An fier all aaner Sprooch gelt dann och: am Privat diskuteieren.

Dei Leit dei sech net un des Régel haalen, gin gewarnt, an gin, wann se sech trotz der Warnung nach emmer net drun haalen, aus dem Channel gekickt resp. gebanned. User dei et net wellen verstoen, riskeieren een Server-Ban.

Nicks:

  • keng Nicks dei naischt bedeiten (z.B.: kjashfdih)
  • keng rassistesch Nicks
  • keng Drogen-Nicks
  • keng Nicks matt sexuellen Undeitungen (vill Mannerjähreger am #flirt)
  • den OP huet d'Recht selwer anzeschätzen weini dass des Punkten zoutreffen

Allgemeng Régelen:

  • keng Farwen (get vum System automatesch net unerkannt)
  • keen bold / underlined / italic Dest ass Haaptsaechlech den OPS an ADMINS firbehaalen
  • keng Caps Lock (grouss Buchstawen)
  • keen Wiederhuelen (net mei ewei 5 mol innerhalb vun 3 Min.)
  • keen CTCP/text flooding
  • keng Beleidegungen vis-à-vis vun anneren Chatteren
  • keng Beleidegungen vis-à-vis un d'Operator's & d'Admins.
  • keng Sexuell Belästegung
  • net zevill iwer Sport am channel schwätzen (privat mat engem keen problem)
  • keen CS (Cyber Sex)
  • keng War / Fun / Mp3 / ... etc scripter ( nuking, icmp flooding, etc.)
  • keng URL-Adressen vun aaner Chats oder Siten dei eppes verkaafen! ( dei eenzeg URL Adressen dei erlabt sinn ass vun Sites dei eppes mam Luxusbuerg ze din hun ( Partners ) oder vun luxusbuerg selwer ( bsp. Biller dei op Luxusbuerg.lu ze fannen sinn asw.....))
  • Keng Nummeren, Emailen an den Channel schreiwen!
  • keen Idling (net mei ewei 3 Stonnen)
  • keng Boten (zB wei FlirtBOT , ChatBOT , CyberBOT.)
  • keng Klonen (ausser bei Connection sharing mat verschiedenen ID'en )
  • net vir Channel Operator Status heeschen
  • alles wat mat rasismus / fremdenfeindlechket ze din huet
  • D'Ops kennen een Thema ennerbannen
  • KEEN Gesteppels am Channel, souwei och net am Privat!
  • Wann dir eppes ze verkaafen hudd, iwwerdreift aer Annonce net (max 1x all 15Min)
  • KEEN Camsex oder aehnlech Saachen op der Cam.

Eis Konsequenzen, wann der dei Reglen hei net respekteiert, sin dei folgend :

a. Kick + Ban ouni Warnung :
  • CTCP/Text Flooding
  • Idling mei ewei 3 Stonnen
  • Boten (+ban)
  • ICMP Flooding, Nuking, Netbus, an all anner Versich (+ban)
  • XXX Reklamen (+ban)
  • CS (Cyber Sex) (+ban)
  • onaktzeptablen Nick (+nickban)
  • Rassistesch an nazistesch Sprech (+ban)
  • Caps Lock
b. Kick no ENGER Warnung :
  • Virun 24h an aaneren Sproochen schreiwen wei letzebuergesch
  • Aaner Chatteren beleidegen oder Opsteppelen
  • Wiederhuelen (mei ewei 2 mol)
  • Klonen
  • excessive Dommheet
  • Notices an den Channel schreiwen

Wei get een Channel Operator am #Flirt ?

Well schons vill Chatter eis gefroot hun, wei een Operator am #Flirt get, hun mer decideiert dei wichtegst Punkten opzezielen :

  • FRO NIE FIR OPERATOR ZE GIN!
  • D'Admins aus den Channels wielen d'Operators aus!
  • oft an schon mei laang online sin
  • sief op chateventer présent
  • gudd Kenntnisser hun iwer IRC an IRC Programmer
  • an deen wichtegsten : d'OPs mussen der kennen vertrauen
D'Admins décideiren op's du denen Kritérien entsprechs oder net. Wanns de nach weider FROEN hues, schreiw eis roueg eng Mail.

# D' Flirt Team #

(lëschten update: 11/02/07)

Leschten Update vum DrSTRANGELUV [03/09/2007 @ 19:48:11]

Expert Top 3

    Nick  Score  
1 Aika138
2 stephanie198788
3 0

Neisten Event Photo


Nee laura-22 du muss kucken wous de hin fiers an och wanns du Kamera net ges?is dech ges?it se nach

Nächst Events

coming soon ...