ChatNewsPhotoenUserInfoHëllefIwwer eis
Sichen

Registréiren
Passwuert veluer?
 

Flirt-Tipps 
Flirt-Tipps
Flirt-Tipps

Richteg uschwätzen: den eischten Androck ass entscheedend!


Et ass net emmer einfach den eischten RICHTEGEN Schrett am #flirt ze maachen,
fir en Entréesticket ze kréien fir een Informatiounsaustausch matt Zukunfstaussiichten.

Fir d'Chancen beim eischten Click e bessen mei ze erheijen hun mir eis
mol Gedanken gemaach, an ierch eng kleng Löscht matt nötzlechen Tipps fir ierch
erausgesicht.

Daat kennt dir maan
  • Den eischten Saatz méi fantasievoll starten an matt löschtegem an humorvollen Inhalter.

  • Onperséinlech formuleiert Texter wierken oberflächlech an langweileg, dofir muss een op
    d'Individualitéit vun der Persoun agoen, zB dem sein Nick.

  • Et kennt och gudd un, wann een eppes iwwert sech selwer verzielt, waat een gären huet an waat net.

  • Och am 21. Joerhonnert sollt een gewessen Emgangsreegelen beherrschen an och uwenden,
    well Heiflechkeet an Charme verfeelen sielen hier Wierkung.

  • Opgepasst: Wann en Meedchen seet, dass et NET single ass, sicht et sielen en neien Partner!
    Et sicht eischter en seriöt Gespreich, an geet och net op Flirt-Versich an.

  • Nemmen keen Stress! Den #flirt ass keng reng Singlebörs, mais eng Community dei Spaass well zesummen hun,
    also amüséiert ierch! ;-)

Daat am beschten NET maan
  • Standard-Eischten-Text-Message wei "Hallo, wei ass et?" onbedingt vermeiden.

  • Kee Meedchen well direkt matt "Bebe", "Mausi", an ähnleches direkt ugeschwaat gin.

  • Genausou oofschreckend wierken "Kussi" "dk" an "hdl"

  • Sexuell Uspillungen an Betounung op reizvoll Kierperdeeler kommen ganz an guer net gudd un.

  • Op kee Fall Standardtexter à la "Copy/Paste" benotzen - leiwer eegen Gedanken formuléieren.

  • Froen no der Telefonsnummer an Kontaktdonnéen sin bei der eischte Kéier en Tabu!

Typesch Spröch, dei Fraaleit am #flirt NET mei liesen kennen!
  • Du geseis aus wei een Engel

  • Ech mengen ech hu mech grad verleift !

  • Wann et matt dengem Frend iergendwann net mei funktionéiert, dann wees du jo, wous du mech fenns!

  • Wei kann e Meedchen weis du Single sin?

  • An du bass wirklech net mei ze hun?

  • Firwaat bass du am #flirt? Wees dein Frend daat dann?

  • Bock op CS?

Wanns du als Fraamensch nach puer Sätz hues,
dei dech "all Daag" nerven, dann schreif eis se eran
un d' Flirt-Admins an
mir setzen och den Sproch online.

Leschten Update vum DrSTRANGELUV [05/04/2007 @ 19:20:41]

Expert Top 3

    Nick  Score  
1 Aika138
2 stephanie198788
3 0

Neisten Event Photo


marischen dreint nach emmer seng Tiir

Nächst Events

coming soon ...