Ech sinn ganz nei um Chat - Ech verstinn absolutt guer nët wat hei
leeft!
Am Chat kanns du an verschidden Kanäl (=Channels) matt aneren Leit zesummen
"schwetzen", oder och matt enger Persoun privat schwetzen.
a) Direkt chatten: An den Chat kënns de andeems de uewen
am Menu op deen gielen Knäppchen "Chat"
drécks. Elo brauchs de just en Nickname (=Spëtznumm)
anzeginn, en Channel ze wielen ënnen,
an op den "Chat" Knäppchen ze drécken.
Opgepasst: an dëngem Nickname därfen keng Ofstänn
oder speziell Buchstawen sinn (keng éàäüö z.B.)
b) Registréieren an dann chatten: Dréck lénks
uewen (ënnert dem Logo, Nickname an Passwuert) op "Régistréieren".
Fëll den Formulaire aus, an dréck op "Späicheren".
Duerno kanns de dëng Astellungen auswielen andeems de
op "Astellungen" lénks am Menu drécks. Elo brauchs de
just nach uewen am Menu op den gielen Knäppchen "Chat"
ze drécken, an du kënns direkt an déi Channels wou's
de erausgewielt hues matt dëngem Nickname deen elo eleng fir dëch
réservéiert ass.
c) Am Chat selwer:

| 1. |
Dat ass en Operator (matt engem @ virdrunner).
Hien passt op datt alles riicht leeft am Channel, an kann
Leit erausgeheien. |
| 2. |
En User am Channel. Fir matt him privat
ze schwetzen, einfach 2x matt der lénker Maustast drop drécken.
|
| 3. |
En User deen eppes am Channel
seet |
| 4. |
En Smiley: deen kanns de och schreiwen,
andeems de einfach :-) tipps |
| 5. |
Hei gës de däin Text an deen's
de wëlls an den Channel schreiwen. Wanns de färdeg
getippt hues, einfach Enter/Return drécken (dat ass déi Tast riets niewend den Buchstawen um Clavier mam Feil deen no lénks weist, wou een benotzt fir an déi nächst Zeil ze kommen), an däin
Text kënnt an den Channel stoën (jiddereen gesäit en) |
| 6. |
Channels wou's du dran bass. Wann en Channel
rout liicht, ass eppes neies dran geschriwwen ginn. |
| 7. |
Privat Chat Gespréicher matt aneren
Users. Wann een Nickname rout liicht, ass eppes neies vun him geschriwwen
ginn. |
| 8. |
Chat Menu: dréck matt der lénker
Maustast op d'Knäppercher, an den Menu geet op. |
| 9. |
Luxusbuerg Menu: Wanns de hei drop drécks,
ginn déi verschidden Sektiounen vum Site an enger neier Fënster
op (du bleifs also am Chat). |
|