ChatNewsPhotoenUserInfoHëllefIwwer eis
Sichen

Registréiren
Passwuert veluer?
 

Safer Internet Day 2010

Safer Internet Day
Safer Internet Day 2010
LuSI
 
Säit 3 Joer fënnt den 'Safer Internet Day' um 2. Dënschdeg am Februar statt, dës Joer ass dat den 9. Februar 2010.
D' Virbereedungen lafen schon säit e puer Wochen op europäescher an nationaler Basis.
Fir weider Informatiounen zum Thema klick op een vun den Linken hei drënner a kuck der de Video un.


 
saferinternet.org
 
LuSI.lu

Geschriwwen vum bjuer [05/02/10 @ 15:54]

#Flirt on Ice 2010

Kommt och dir mat an schlittert zesumme mat eis iwwert d'Äis.

Mir géifen eis iwer är Visit freen. :)

Fir op d'Facebook-Event klick hei

Geschriwwen vum [Spiderman] [21/01/10 @ 20:21]

Schéin Feierdeeg



D'Team vu Luxusbuerg wënscht Iech schéin Feierdeeg, Alles Guddes fir 2010 an och weiderhin vill Spaass am Chat.

Geschriwwen vum bjuer [24/12/09 @ 16:00]

Maintenace um Stroumreseau

An der Nuecht vun en Méindeg dem 19. Oktober op en Dënschden den 20. Oktober ass eng Maintenance um Stroumreseau virgesin.

Dofir as de Server ab 23 Auer bis den anere Moien net ze erreechen.

Merci fir äert Versteesdemech.

Geschriwwen vum bjuer [17/10/09 @ 09:25]

Wat solle mer mat de Webcams maachen?


Léif User, mir wëllen eng Kéier är Meenung zu de Cams wësse.
Fann dir dass d'Cams gutt sinn wéi se sinn.
Ass d'Privat Funktioun iwwerflësseg, oder sollen d'Cams ganz ofgeschaaft ginn?
Huelt iech w.e.g. 1 Minutt Zäit an stëmmt mat of.

Merci am Viraus,
är #luxusbuerg asbl

Wat solle mer mat de Webcams maachen?

  • Loosst alles sou wéi et ass.
  • 1556 (44.43%)

  • D'Privat Funktion brauch een net.
  • 141 ( 4.03%)

  • D'Webcams brauch een iwwerhaapt net.
  • 1805 (51.54%)

    Geschriwwen vum halodri [17/09/09 @ 23:59]

    Fouermeeting 2009

    Geschwenn ass et nees sou wait! D'Fouer ass nees do! Dofir organiséieren mer en Meeting op der 669 Fouer an zwar fir den ganzen Luxusbuerg zesummen. JO! Den ganzen Luxusbuerg. Also bass du och häerzlech op dessen Event invitéiert.

    Den Meeting ass den 29ten August 2009 um 17h30 firum Riesenrad, ass also net ze iwersinn ;)

    Mir wenschen bis dohinner nach en gudd Chatten, an hoffen dass mer eis um Meeting zreck gesinn

    Geschriwwen vum [Spiderman] [10/08/09 @ 16:15]

    Stroum-Ënnerbriechung

    An der Nuecht vun en Dënschden dem 21. Juli op en Mëttwoch den 22. Juli wäert den Server wéint enger Stroum-Ënnerbriechung ab 23 Auer net ze erreechen sinn.

    Merci fir äert Versteesdemech.

    Geschriwwen vum Arvoreen [20/07/09 @ 23:22]

    Opla do war den Server wuel nees husch

    Mer wellen eis fir deen klengen Zweschenfall vun Hent entschellegen wou den Server net accessible war
    Wenschen awer des weideren en erfreedsaamt chatten :)

    Geschriwwen vum [Spiderman] [20/07/09 @ 14:02]

    Emstruktureierung

    Am Kader vun enger Ëmstrukturéierung vu Luxusbuerg hu mir haut e puer channel zougemaach, an zwar den #eens, de #gameszone, de #movies an den #tuning.

    Den User soe mer Merci fir den Interessi deen se am Laaf vun der Zeit un dese channel gewisen hun.

    Den Teams villmools Merci fir déi Zäit an Aarbecht déi si an hir channel investéiert hun a wënschen awer weiderhin nach vill Spaass am chat op Luxusbuerg.

    An den nächsten Deeg wäerten nach déi eng oder aaner Ännerung kommen, kuckt also weiderhin op eise Site.

    #luxusbuerg asbl

    Geschriwwen vum bjuer [04/06/09 @ 21:29]

    Ups, do war den Server am Eemer

    Wéinst engem Defekt un den Harddisken war #Luxusbuerg déi läscht Deeg leider net ze erreechen. Mir hoffen dass der net zevill verlaangert hutt an sinn frou dass der erëm bei eis sidd. :)

    Geschriwwen vum halodri [22/05/09 @ 22:30]

     Nächst 10 Neiegkeeten >>

    Feeler: Chat-Fënster bleift wäiss? 
    Wëlls du an den Chat goën an d'Fënster bleift einfach wäiss an der Mëtt? Fir op Luxusbuerg ze chatten (Flash Interface) brauchs de de Flash Player, deen's de hei gratis downloade kanns.
    Geschriwwen vum kee

    Luxusbuerg um Twitter 
    Geschriwwen vum halodri

    Feeler: Ech kréien mëch net agelogged! 
    Wanns du probéiers, dëch anzeloggen (Nickname an Passwuert lénks uewen agin), an dat fonktionnéiert net, sinn dëng Privacy Settings vum Internet Explorer ze héich agestallt. Dofir: Am Internet Explorer op Tools(Outils) uewen am Menu drécken, dann op Internet Options(Options Internet). Duerno den Tab "Privacy"(Confidentialité) uewen erauswielen, an dann op Medium(Moyen) astellen. Duerch OK ënnen confirméieren. Kuck och hei
    Geschriwwen vum 

    Problem: chatten aus Däitschland geet net 
    Duerch Problemer matt Spam hu mer eng speziell Prozedur fir all d'Leit déi aus Däitschland (virun allem matt T-Online)wëllen op Luxusbuerg kommen. Méi Info hei.
    Geschriwwen vum kee

    Quick links 
    Geschriwwen vum kee

    Läscht Photoen 
    Geschriwwen vum 

    Reklamm fir Homepages 
    Reklamm fir Homepages an aner Säiten ass op Luxusbuerg NËT erlaabt, weder duerch privat Messagen nach an den Channels. Wien dat trotzdem mëcht, riskéiert komplett vum Server erofgehäit ze ginn. Ausserdem ginn all déi Messagen vum System blockéiert a kommen net duerch !
    Geschriwwen vum 


    Neisten User Photo


    mandybi

    Beginner Top 3

        Nick  Score  
    1 thieme20 3.19
    2 Jato 2.08
    3 Jodokus 1.15

    Nächst Events

    coming soon ...